Déi fënnef Conseilleren, déi géint de Budget gestëmmt hunn, hunn och direkt eng Motion de censure géint d‘Majoritéit vun der Buergermeeschtesch Jill Goeres agereecht. Dat hu si an engem Communiqué matgedeelt.
Jéngste Buergermeeschtesch am Land
D'Jill Goeres gouf no de Gemengewalen 2023 mat deemools 20 Joer, déi jéngste Buergermeeschtesch am Land.
Et géifen awer zënter enger Zäit Spannunge mam Schäfferot ginn, schreiwen déi fënnef Conseilleren an hirem Communiqué.
Keng Zukunftsvisiounen?
Virum Budgetsvott hätte si esou an engem Bréif un de Schäfferot véier konkreet Fuerderungen adresséiert. Si wieren awer domat ofgewise ginn, mam Argument, et wier net genuch Zäit gewiescht.
Déi fënnef Conseillere vermëssen am Budget och kloer Zukunftsvisioune fir d‘Gemeng, a fannen, datt si si net genuch an d‘Decisioune mat gebonne wieren.
Buergermeeschtesch mellt sech zu Wuert
An engem perséinleche Schreiwe preziséiert d‘Jill Goeres, datt et ëmmer nees zu negative Remarque géint si komm wier. Dat well si als jonk Fra mat engem Kand am Gemengerot aktiv wier, amplaz sech ëm hirt Kand ze këmmeren. Si hätt vun engem Här, dee laang am Schäfferot war, gesot kritt, ee politescht Amt a Mamm vun engem Neigebuerene sinn, wieren net zesummen ze meeschteren.
"Woubäi och dee selwechte Moment dee Conseiller mer d'Propos gemaach huet, als Buergermeeschter mäi Mandat ofzeginn. Hien hätt dat dann och frëndlecherweis entgéintgeholl, esou seng Ausso vun deemools. An op déi Propos sinn ech net agaangen.“
Duerch esou perséinlech Attacke wier eng konstruktiv Zesummenaarbecht am Gemengerot net méi méiglech gewiescht.
De Schäfferot géif sech awer senger Responsabilitéit stellen, an en uerdentlechen Iwwergang assuréieren, heescht et weider.
Nee zum Budget reng politesch motivéiert?
Nodeems d`Budget an der Gemeng Bech nett duerchgaangen ass begrënnt d’Oppositioun zu Bech den Nee mat politesche Grënn. Och den Emile Bohnenberger, dee bis virun e puer Méint nach ëmmer mat der Majoritéit gestëmmt huet, war gëschter dogéint. Dowéinst war de Vott mat 5 zu 4 Stëmmen dogéint ausgaangen.
Virwërf vun der Buergermeeschtesch Jill Goeres, deenen no hie gesot hätt, eng Fra mat engem Kand sollt net gläichzäiteg als Buergermeeschtesch schaffen, weist den Emile Bohnenberger zeréck a seet, hien hätt déi Aussoen ni getraff.
“Firwat déi Virwërf do kommen? D'Madamm Goeres huet deen Dag vun der Ofstëmmung iwwer verschidde Leit probéiert, mech enorm ënner Drock ze setzen. A wéi si du gesinn huet, datt ech awer mat Nee stëmmen, do ass just virun der Ofstëmmung déi Ausso do geplatzt. Menger Meenung no fir mech da komplett ze intimidéieren, fir datt ech vläicht dann awer mech enthalen, well ech hu weeder iergendwéi eng Kéier gesot: 'Ech wëll däi Kapp' oder 'Bleif du doheem mat dengem Kand'.”
Den Nee géint de Budget hätt reng mat politeschen a net mat perséinleche Grënn ze dinn, esou den Emile Bohnenberger.
D’Buergermeeschtesch hätt bei Rendez-vousen deelweis onentschëllegt gefeelt an d’Bierger:innen hätte vun Dossiere virum Gemengerot Bescheed gewosst, esou nach de Becher Gemengeconseiller.
Et hätt een och virum Budgetsvott 4 nei Proposen agereecht, fir datt d’Majoritéit déi ëmsetze géif – soss géif een dogéint stëmmen – esou d’Oppositiounsmember zesumme mam Emile Bohnenberger an engem Communiqué.
Jill Goeres wiert sech
Déi aktuell Buergermeeschtesch Jill Goeres wëllt dat awer als Grond net gëlle loossen, well een déi ugeschwate Projeten och deelweis schonn ugepak hätt.
"Mir hu Biergerversammlung gemaach, fir e Masterplang opzestellen. Mir haten och e Klimaforum, zesumme mat de Bierger, wou leider vun deene véier Leit, déi déi véier Deliberatiounen eragereecht hunn, keen do war. Mee soudass ech eigentlech der Meenung sinn, dass wat d'Biergerbedeelegung do ugeet, mir souguer eng ganz Partie nei Saache mat an d'Gemeng bruecht hunn. Dat anert dat war Energiepolitik."
Als Beispill nennt d'Jill Goeres eng Photovoltaikanlag op de Gemengegebaier.