arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Policegewalt zu Esch: "Wann een d’Biller kuckt, da mengt een, ech wier en Nazi"

Viru Geriicht

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Policegewalt zu Esch: "Wann een d’Biller kuckt, da mengt een, ech wier en Nazi"

Vu “ganz graver Policegewalt a Vertuschung” huet de President vum Geriicht gëschter um Dënschdegmëtteg am Prozess géint 5 Ex-Poliziste vun Esch geschwat. D'Faite ginn op de Februar 2019 zeréck.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 (Foto: Eric Ewald)

Déi 3 Männer an zwou Frae musse sech um Stater Geriicht ënner anerem wéinst Coups et blessures volontaires a Fälschung veräntweren, an den Haaptbeschëllegten och nach wéinst Acte de torture.

Am Februar 2019 hat dee Polizist engem staark alkoholiséierte syreschen Asyldemandeur zu Esch ënner anerem d’Gebéck gebrach, mat Hëllef vun extraen Händschen. Dono haten déi 5 probéiert, d’Saach ze vertuschen.

An der 1. Sëtzung gëschter goufen déi ominéis Iwwerwaachungsbiller vum Escher Spidol gewisen, op deene virun allem de brutale Schlag géint e Mann, dee sech net wiere kann, ze gesinn ass.

Haaptugeklote schwätzt vun Iwwerfuerderung

D’Poliziste waren nuets mam Mann an de CHEM gefuer, fir en Attest ze kréien, datt hien an d’Ausniichterungszell kéint. Um Retour hat den haut 41 Joer alen Haaptbeschëllegten an “hau-den-Lukas”-Manéier drageschloen. Dobäi gesäit et aus, wéi wann zwee Kolleegen de Mann esou dréie géifen, datt hien och richteg géif gerode ginn.

Den Haaptugekloten huet de Coup domat erkläert, datt hie fäerdeg gewiescht wier mat den Nerven.

Dee selwechte Moien, nodeems kloer war, datt d’Affer schwéier blesséiert wier, gouf de Mann bei de Police-Regionaldirekter geruff. Doropshin hätt hie panikéiert an de Kolleege gesot: “Schreift de Procès-verbal sou a sou!” Hie wier iwwerfuerdert gewiescht mat der Situatioun an hätt alles ëmmer méi schlëmm gemaach. "Wann een d’Biller kuckt, da mengt een, ech wier en Nazi!", huet hien zu Protokoll ginn.

Eng liewensbedrolech Situatioun fir d’Affer

D’Matugeklote sote sech gëschter schockéiert, wéi si d’Biller gesinn haten. Si hätten de Coup dunn eréischt richteg realiséiert. Et hätt een dem Chef net wëllen an de Réck falen, soten déi zwou Fraen an zwee Männer.

Dräi vun hinne wënsche sech iwwregens, nees als Polizist schaffen ze kënnen, woubäi sech de President vum Geriicht gefrot huet, wéi een da kéint Vertrauen a si hunn.

Dono huet den aktuellen Escher Chefkommissär keng gutt Figur ofginn: Hie sot, am PV wier awer vermierkt, datt d’Affer e Coup kritt hätt. Wouropshin d’Vertriederin vum Parquet gemengt huet, den Zeie wéilt de Procès-verbal schéi rieden, wat hir goe géif wéi en Eelefmeter.

Engem Geriichtsmedezinner no bestoung eng liewensbedrolech Situatioun fir d’Affer, nodeem an der Ausniichterungszell op d’mannst 4 Stonnen net gekuckt gi wier.

De Mann ass an der Tëschenzäit gestuerwen an deemno keng Partei méi am Prozess.

 

play_arrow Lauschteren