Si wiere meeschtens zu Zwee. Wärend eng Persoun mat de Leit schwätzt, géif déi zweet Persoun am Haus Saache klauen. Si géife ganz iwwerzeegend a professionell wierken, si hätten och Aarbechtsgezei un a Geschier bei sech a si wiere ganz vertrauenswierdeg. Meeschtens wieren si mat enger wäisser Camionnette ënnerwee, mat enger bloer Leeder um Daach, si géife franséisch schwätzen, an eenzele Fäll och Lëtzebuergesch.
D‘Police erënnert drun, datt een ni friem Leit an d‘Haus soll eraloossen a verdächteg Persoune soll bei der Police mellen.