arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Police hëllt zwee Leit am Kader vun engem Luxtrust-Bedruch fest

Luxtrust-Bedruchsmasch

|
headphones

1 min

Police hëllt zwee Leit am Kader vun engem Luxtrust-Bedruch fest

D‘Police huet zwee Verdächteger vun der Luxtrust-Bedruchsmasch festgeholl. Dat no engem Bedruchsfall gëschter Owend. Bei engem Verdächtege wier eng gréisser Zomm Boergeld an d‘Bankkaart vum Affer fonnt ginn. Bei enger Perquisitioun wier eng weider gréisser Zomm Sue fonnt ginn.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt
(Foto: picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt)

Béid presuméiert Täter goufe festgeholl a sinn um Mëttwochmoien virun den Untersuchungsriichter komm. 

Gëschter um Dënschden schonn hat d‘Police gemellt, datt am Kontext vun der Luxtrust-Bedruchsmasch zwee presuméiert "money mules" konnte gepëtzt ginn. Béid kréie Blanchiment virgehäit.