Zu Keespelt gouf et gëschter, de Mëttwoch am spéiden Nomëtteg, e gréissere Policeasaz. Nodeems eng Persoun als vermësst gemellt war, ass d‘Police op d‘Plaz gaangen an huet do an engem Eefamilljenhaus divers Waffen a Schossmunitioun fonnt. Et gouf e Sécherheetsperimeter ugeluecht an d‘Spezialunitéit koum op d‘Plaz.
Sécherheetsperimeter bleift bestoen
Aus Sécherheetsgrënn goufen och e puer Haiser an der Géigend evakuéiert. Géint 21:30 Auer gëschter Owend konnten d‘Awunner:innen awer zeréck an hir Haiser.
Déi vermësste Persoun war entretemps och erëmfonnt ginn. D‘Police preziséiert, datt et kee Risiko fir d‘Populatioun gëtt, de Sécherheetsperimeter bleift awer bestoen, bis all verdächteg Géigestänn séchergestallt sinn.