arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Policeasaz um Méindegowend an der City Concorde

Wéinst verdächtegem Pak

|
reading time

1 min

Policeasaz um Méindegowend an der City Concorde

Den Akafszenter City Concorde zu Bartreng gouf de Méindeg am fréien Owend wéinst engem verdächtege Geroch evakuéiert.

reading time

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Wéi d'Police an engem Schreiwes matdeelt, wier si zesumme mat CGDIS-Membere géint 7 Auer Owend op d'Plaz geruff ginn. D'Gebai wier sécherheetshallwer evakuéiert ginn. No Analysen hätt sech awer erausgestallt, datt vun der Substanz keng Gefor ausgaangen ass. Zwee Mataarbechter vum Akafszenter wiere fir eng Kontroll an eng Klinik komm. Kuerz no 10 Auer de Méindeg den Owend war den Asaz dunn eriwwer, esou d'Police.