Am November d’lescht Joer hat Amazon d’Zuel vu 470 geplangten Entloossunge genannt. Mëtt Dezember war bekannt ginn, datt Amazon an d’Personalvertriedung sech no Verhandlungen op ee Sozialplang fir 370 Beschäftegter gëeenegt haten. D’Kommunikatioun mat deene Betraffe soll Ufank Februar ufänken, hat et deemools geheescht.
No Froe vum lénken Deputéierte Marc Baum an der Chamber um Krautmaart, huet den Aarbechtsminister Marc Spautz preziséiert, datt Vertrieder vum Ministère a vun der ADEM net méi spéit wéi haut zesummen mat der RH vun Amazon géifen no Léisunge sichen.
"Fir ze kucke wat genau den Detail vun de Profiller ass, bei deene concernéierte Leit, fir datt do och kann eng Opstellung gemaach ginn, wat do alles méiglech ass."
Den 2. Februar sollen dann déi éischte Kéier d'Bréiwer erausgoen, heescht et vum Marc Spautz. D'ADEM wier amgaangen zesumme mat Amazon "Séances d'informations" ze preparéieren. Bei deene Seancë soll et awer net just dorëms goe wat aarbechtsrechtlech machbar ass mee och wat de Sujet Immigratioun ugeet, fir alleguerten déi Leit, déi Net-EU-Bierger sinn, esou den Aarbechtsminister.
Leit aus Indien oder Pakistan betraff
Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum hat dovu geschwat, datt warscheinlech relativ vill Leit aus Indien oder aus Pakistan vun den Entloossunge bei Amazon hei a Lëtzebuerg betraff wieren. Dës Leit kéinte jee nodeem hiren Openthaltsstatut verléieren, esou den Deputéierten.