Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Plang vun der Poopstvisitt: Näischt gëtt dem Zoufall iwwerlooss

Poopst zu Lëtzebuerg

Plang vun der Poopstvisitt: Näischt gëtt dem Zoufall iwwerlooss

Um 10 Auer de Moie kënnt de Poopst François fir eng offiziell Visitt um Findel un. Et ass déi éischt Poopst-Visitt zu Lëtzebuerg zanter bal 40 Joer. Et gëtt een Dag, dee genee duerchgeplangt ass.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

©  SIP / Frédéric Sierakowski play_arrow
Foto: SIP / Frédéric Sierakowski

Um 10 Auer de Moie kënnt de Poopst François fir eng offiziell Visitt um Findel un. Bei der Arrivée um Flughafe gëtt de Poopst François vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse empfaangen, am groussherzogleche Palais wäerte si dann zesummen ee privat Gespréich féieren, virun enger Audienz mam Premierminister Luc Frieden.

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Vu 12:45 Auer u fiert de Poopst wärend enger hallwer Stonn mam Papamobil duerch d'Uewerstad. De ganzen Trajet gëtt dofir ofgeséchert. Et gëllt ee vun de gréisste Sécherheetsdispositiffen an de leschte Joren. Den Hervé Schoettert, Responsabel vun den Operatioune bei der d'Police schwätzt souguer vun enger héijer Risikostuf.

"Vue d’Unzuel vun de Leit, déi eventuell wäerte kommen an och wéinst dem Charakter vun der Persoun, déi et betrëfft.“

Dofir gëtt d’Police Grand-Ducale och vun der Police aus der Belsch a vun de Sécherheetsautoritéiten aus dem Vatikan ënnerstëtzt. Genee Zuelen iwwer de Sécherheetsdispositif wëllt d'Police awer net am Viraus publizéieren.

D'Arrivée vum Poopst um Findel. | © SIP / Frédéric Sierakowski
D'Arrivée vum Poopst um Findel. (Foto: SIP / Frédéric Sierakowski)

Keng Klassesch Mass

Um 13:15 Auer erwaart de Kardinol Jean-Claude Hollerich de Poopst am Bëschofspalais. No enger Mëttespaus geet d'Poopstvisitt viru mat enger Renconter an der Kathedral. Eng klassesch Mass gëtt net gehalen. 

A senger Usprooch wäert et ënner anerem ëm de Fridden, d'Migratioun, d'Klimakris an ëm déi gesellschaftlech Roll vum Chrëschtentum goen, dat huet Vatican News am Virfeld gemellt.

Ronn 350 Journalistinnen a Journaliste sinn haut am Asaz, fir d'Poopstvisitt ze couvréieren. Den Owend um 6 Auer den Owend flitt de Poopst vum Findel weider an d'Belsch.

  Lauschterenplay_arrow