De Plang géif u sech keng strukturell Reform virgesinn. Zentral Sujeten, wéi de Mindestloun, Pensiounen, oder e bezuelbare Wunnraum, géifen ausgeklammert ginn, schreiwen OGBL an LCGB.
Keng strukturell Decisiounen
Den Aktiounsplang géint Aarmut géif sech gréisstendeels op administrativ Mesuren, prozedural Verbesserungen an eng interministeriell Koordinatioun beschränken. Strukturell Problemer géifen ongeléist bleiwen, sou d’Kritik vun OGBL an LCGB an hirem Bréif un de Premier. D’Strukturell Decisiounen, déi de Liewensstandard vun de Bedierftege wierklech géife verbesseren, kéimen awer net dora fir.
Konkret géifen am Aktiounsplang weder eng Erhéijung vum Mindestloun, nach eng Verbesserung vun de Mindestrenten envisagéiert ginn. Doduerch géif de Phänomen vum “Working Poor” ignoréiert ginn a vill Pensionnairen a prekäre Verhältnisser bleiwe missten.
Lëtzebuerg hätt déi néideg Moyenen
De Plang géif weider a Saache Logement vun enger administrativer Vereinfachung schwätzen, ouni awer verbindlech Aussoen iwwer ee massiven Investment an den abordabelen an ëffentleche Wunnraum, ouni deen et net méiglech wier, d’Aarmut effektiv ze reduzéieren.
Dobäi kéim, datt d’Sozialpartner net an d’Ëmsetzung vun dësem Aktiounsplang mat agebonne gi wieren.
Lëtzebuerg hätt déi néideg Moyenen, fir eng ambitionéiert Sozialpolitik ze féieren. Der Regierung géif et u politeschem Courage feelen, fir d’Aarmut reell ze bekämpfen, kritiséiert nach d’Gewerkschaftsunioun.