Radioen

On air

Concert  |  Ee Quintett an zwee Quartetter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ „Plang fir eng Victoire“ soll Russland zum Fridden zwengen

Krich an der Ukrain

„Plang fir eng Victoire“ soll Russland zum Fridden zwengen

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij geet dervun aus, datt de russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain d‘nächst Joer op en Enn ka bruecht ginn.

auto_stories

1 min

© UN Photo/Loey Felipe
Foto: UN Photo/Loey Felipe

No engem Treffe mat enger Delegatioun vum US Kongress huet hien zu New York säi sougenannte „Plang fir eng Victoire“ annoncéiert. Dee géif Russland praktesch zum Fridden zwéngen, huet de Selenskij op der Plattform X geschriwwen.

Der brittescher Zeitung Times no, géif hie vu westleche Länner Sécherheetsgarantie fuerderen, déi änlech sinn, wéi déi vun enger Nato Memberschaft.

Den ukrainesche President soll haut un enger Sëtzung vum UNO Sécherheetsrot deelhuelen, a viraussiichtlech muer bei der UNO Vollversammlung eng Ried halen.