arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Plainte géint Rassemblement national

Europäesche Parquet

|
reading time

1 min

Plainte géint Rassemblement national

Den europäesche Parquet huet eng Enquête géint de franséische Rassemblement National opgemaach, also géint d‘Partei vum Marine Le Pen an dem Jordan Bardella, souwéi och géint hir rietsextrem Alliéierten am Europaparlament zu Bréissel. Dat wéinst Verdacht op divers finanziell Irregularitéiten.

reading time

1 min

D'Marine Le Pen an de Jordan Bardella | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto
D'Marine Le Pen an de Jordan Bardella (Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

De Rassemblement National an déi aner Memberen aus dem fréiere Grupp "Identité et Démocratie" sollen tëschent 2019 an 2024 iwwer 4,3 Milliounen Euro op onberechtegt Manéier ausginn hunn. 

Dës Zuele ginn aus engem Rapport vun der Finanzdirektioun vun der EU-Institutioun zu Bréissel zitéiert, deen Ufank Juli vu verschiddene Medie verëffentlecht gouf.