De Will Bakker ass gebierteg vu Chicago a wunnt zënter gutt 15 Joer zu Lëtzebuerg. Hie war um Méindeg virun der US-Ambassade fir herno "op der richteger Säit vun der Geschicht ze stoen", wéi hien erzielt.
"Regierung wëllt eng Lektioun erdeelen"
D’Virgoe vun den US-amerikaneschen Autoritéiten hätt sech staark geännert zënter dem Donald Trump sengem zweeten Amtsuntrëtt, esou den US-Amerikaner.
"Et sinn ëmmer scho Problemer an och Demonstratioune ginn. Ma soss huet d’Regierung an den USA probéiert, dat e bëssen ze verstoppen. Ma elo ginn d‘Problemer instrumentaliséiert. D’Trump-Regierung wëllt de Leit eng Lektioun erdeelen."
De Will Baker ass der Meenung, datt d‘Trump-Administratioun bewosst d‘Gesetz brécht. Den Trump a seng Supporter:inne wéilte weisen, datt si iwwer dem Gesetz stinn.
"An dat ass fir mech d’Definitioun vun enger Diktatur – jo an och vu Faschismus."
"Ech hunn Angscht ëm meng Frënn"
Ënner de Manifestante war och eng jonk Lëtzebuergerin, déi hier Studien an den USA gemaach huet. Fënnef Joer hätt si do gewunnt, éier si dann am Hierscht 2025 nees zeréck op Lëtzebuerg geplënnert ass. Si hat Chigaco grad verlooss, wéi ICE an d‘Stad am Bundesstaat Illinois komm ass.
"Ech hunn Angscht ëm meng Frënn. Ech hunn Angscht ëm meng Komeroden, déi nach ëmmer weider do schaffen. An ech hoffen, dass si et iwwerstinn."
Den Ament géif si net méi zeréckgoen, eleng scho wéinst hirem Engagement, an der Zäit wou si an den USA gelieft huet. Hir Erfarunge mat den US-amerikaneschen Autoritéiten hätte si extrem schockéiert, mee och politiséiert, esou nach déi jonk Lëtzebuergerin, déi net wollt beim Numm genannt ginn.
Tom Krieps: Vue huet sech dramatesch geännert
Den Tom Krieps, fréiere Stater Gemenge-Conseiller vun der LSAP, sot um Solidaritéits-Piquet, hie wier eigentlech éischter pro-amerikanesch. Seng Vue hätt sech an de leschte Joren awer dramatesch geännert, esou den Tom Krieps:
"Ech verstinn elo, wat d'Positioun war vu ville Leit an de 60er, 70er Joren, wärend dem Vietnamkrich. Lo verstinn ech dat. Déi Machtlosegkeet, déi een huet vis-à-vis vun engem amerikanesche Staatsapparat, dee mécht, wat e wëllt. Dat ass erschreckend.“
Offiziell ugemellt war de Solidaritéits-Piquet virun der US-Ambassade um Lampertsbierg gëschter iwweregens net. Verschidde partei-politesch Representantë wéi déi d’KPL, déi Lénk an och Acteuren aus der Zivilgesellschaft wéi Amnesty International waren um Piquet vertrueden.