Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pilotprojet Gemengepolice: "De gudden Noper"

Presentatioun virun der Press

Pilotprojet Gemengepolice: "De gudden Noper"

Vun haut un ass déi nei Gemengepolice an der Haaptstad an zu Esch ënnerwee. Den neien Dispositif gouf de Moien der Press virgestallt. 20 Polizistinnen a Polizisten an der Gemeng Lëtzebuerg a 4 an der Südgemeng solle, zu Fouss oder um Vëlo, dofir suergen, datt déi ëffentlech Uerdnung agehale gëtt. 

auto_stories

2 min

Foto: Paule Rodesch

Vun haut un ass eng lokal Police an der Haaptstad an zu Esch ënnerwee. Den neien Dispositif gouf de Moien der Press virgestallt a soll als Pilotprojet wärend 6 Méint lafen. D'Gemengepolice soll als „gudden Noper“ vun de Bierger:inne gesi ginn, betount den Inneminister Léon Gloden.

"Déi Police locale gëtt och méi visibel, éischtens duerch dee Bandeau. Zweetens ginn se och op strateegesche Plaze stationéiert, wou se dann och patrulléieren, sief et zu Fouss, mam Auto oder mam Vëlo."

Léon Glodenplay_arrow

Z‘erkenne sinn d‘Patrouillen un engem bloe Bändche mat der Opschrëft „Police locale“ ronderëm den Aarm. 20 Beamten a Beamtinnen an der Gemeng Lëtzebuerg a 4 an der Südgemeng sollen dofir suergen, datt déi ëffentlech Uerdnung agehale gëtt. 

D‘Patrulle wäerte vu Méindes bis Samschdes, vu 7 Auer moies bis 9 Auer owes, a jee no Besoin och Sonndes. ënnerwee sinn.

D’Gemengeresponsabel vun den zwou Gemenge sollen sech reegelméisseg mat hirer jeeweileger Regionaldirektioun vun der Police kuerzschléissen, fir d‘Situatioun um Terrain auszewäerten an eventuell z‘ajustéieren. No 6 Méint, Enn des Joers, wäert dann de Bilan vun dësem Pilotprojet gemaach ginn, fir en eventuell och an anere Gemenge kënnen z’applizéieren.

Iwwerdeems betount de Léon Gloden, datt dee Projet d'Gemengen näischt kaschte wäert. Dat géif alles iwwer de Policebudget respektiv de Staatsbudget lafen.