arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pilote stëmme fir Streik bei der Lufthansa

Aarbechtswelt

|
headphones

1 min

Pilote stëmme fir Streik bei der Lufthansa

Déi éischte Kéier zënter dräi Joer kéint et bei der Lufthansa erëm zu engem Streik vun de Pilote kommen. D’Membere vun der Vereenegung “Cockpit” hunn ofgestëmmt. E geneeën Datum gëtt et awer nach net.

headphones

1 min

Lufthansa-Fliger | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn
Lufthansa-Fliger (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn)

Bei der Ofstëmmung sollen 90 Prozent vun de Lufthansa-Piloten a 95 Prozent vun de Lufthansa-Cargo-Piloten bedeelegt gewiescht sinn.

Am Tarif-Konflikt geet et ëm d’Betribspensiounen vun de ronn 4.800 Pilotinnen a Piloten. Si sinn net vum Plazenofbau betraff, deen de Méindeg ugekënnegt gouf.