Den amerikanesche President Donald Trump hat jo um Dënschdeg matgedeelt, Hëllef wier ënnerwee fir d'Demonstranten am Iran. No zwou Woche Manifestatioune géint de Regimm huet den Trump d’Leit am Iran encouragéiert fir weider op d'Strooss ze goen.
Op säi Message awer ukënnt, ass eng aner Fro, well den Internet bleift am Iran weiderhi gréisstendeels gespaart.
An eisem Moiespanorama huet de Philip Crowther d’Situatioun am Iran esou analyséiert:
Wat heescht et, wann den Donald Trump seet, Hëllef wier ënnerwee?
“Dat schéngt den Ament just den Donald Trump ze wëssen. Eng Reunioun am Wäissen Haus gouf et mat den nationale Sécherheetsberoder. Do goufen him, theoreetesch op d'mannst, mir hunn d'Detailer nach net, d'Optioune presentéiert, déi hien huet, fir am Iran ze intervenéieren. Dat geet iwwer eng Cyberattack oder eng Tentative, fir iergendwéi den Internet nees un d'Goen ze kréien, bis hin zu enger militärescher Interventioun, also Rakéitenugrëffer, theoreetesch géint den iranesche Regimm. Déi Decisioun ass den Ament nach net gefall.
Eng aner Optioun, dat wäre weider ekonomesch Sanktiounen. Bis elo dat eenzegt, wat vum Wäissen Haus koum, dat war eng Annonce vum Donald Trump, datt et Stroftaxe vu 25 Prozent fir all Länner géife ginn, déi mam Regimm am Iran zesummeschaffen. Dat ass haaptsächlech China. Also ass nach keng Decisioun getraff ginn am Wäissen Haus, trotz där Annonce vum Donald Trump, datt all Hëllef ënnerwee sollt sinn.”
Am Iran selwer schéngen d'Protester sech den Ament e bësse berouegt ze hunn, ass dat esou? Wéi kann een d'Situatioun am Iran den Ament beschreiwen?
“Jo, dat sinn och déi limitéiert Informatiounen, déi mir den Ament hunn. D'Doudeszuel, déi geet awer erop. Op d'mannst 2.571 Doudeger, soen Aktivisten. Haut de Moien, dat ass déi brutaalst Repressioun, déi schlëmmst Doudeszuel a Manifestatiounen am Iran zënter der Revolutioun 1979.
Et ass nach ëmmer ganz schwéier fir eis Kontakt mam Iran ze hunn. Den Internet ass gréisstendeels gespaart. An Uriff kréie mir zwar den Ament nees hei an Dubai zum Beispill, mee zeréckruffe kënne mir net. Eng Persoun sot mir gëschter, datt et zu Teheran gréisstendeels roueg ass, besonnesch owes. Well owes ass et, wou déi Manifestatioune gréisstendeels net just an der Haaptstad, mee och an anere Stied am Iran geschitt sinn.
An do ass et zu där brutaler Repressioun komm. Et gouf jo Warnunge vum Regimm per SMS. (...) Do gouf et SMSen, déi de Leit gesot hunn, si sollen net méi op d'Strooss goen an net méi protestéieren. Déi Repressioun ass besonnesch brutal, wann een net just un déi Doudeszuel denkt, mee och un déi iwwer 16.000 Leit, déi verhaft goufen. Also relativ vill Grënn, fir d'Leit Angscht ze hunn, fir sech, fir weider Manifestatiounen ze organiséieren am Iran.”