arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pëtrol mëttlerweil esou déier wéi zënter 4 Joer net méi - Tendenz no uewen

Krich am Noen Osten

|
headphones

1 min

Pëtrol mëttlerweil esou déier wéi zënter 4 Joer net méi - Tendenz no uewen

Kroatien an Ungarn hunn elo entscheet, fir d‘Sprit an d‘Dieselpräisser vu muer un ze deckelen. Och Südkorea an Thailand ginn op de Wee vun enger Deckelung. D‘Pëtrols- a Gaspräisser waren haut och Sujet bei enger Videokonferenz vun de G7 Finanzminister.

headphones

1 min

© EPA/GEORGI LICOVSKI
(Foto: EPA/GEORGI LICOVSKI)

Am Raum stoung d‘Notze vun Deeler vun den nationale Pëtrolsreserve fir d‘Hausse vun de Präisser ze bremsen.

Et wier een nach net esou wäit fir dat ze decidéieren, esou de franséische Finanzminister duerno. Mee et géif een "all néideg Mesür" notzen, fir de Marché ze stabiliséieren. D‘Notze vun de Reserven inclus. D‘Aarbecht géif an den nächsten Deeg weidergoen, esou nach de franséische Finnazminister. Et géif een d‘Situatioun genee observéieren. 

EU-Kommissioun gëtt Entwarnung

Et géif wéinst dem Krich am Noen Oste keng imminent Penurie u Pëtrol an Europa ginn. Och de President vum Brancheverband hei am Land fäert den Ament net, datt de Pëtrol géif knapp ginn. 

Zu Lëtzebuerg bleift de Präis vum Diesel, grad ewéi vum Gas a vum Heizungsmazout onverännert. Just den 98er Sprit gëtt 5 Cent de Litter méi deier.