5.315 Ënnerschrëften hat d’Petitioun fir eng Unerkennung vu Palästina kritt. Well dat der méi ware wéi déi 4.500, déi dofir néideg sinn, gouf sech um Mëttwochmoien an der Chamber an enger ëffentlecher Debatt mat deem Theema beschäftegt. D’Petitionären hunn d’Deputéiert an den Ausseminister Xavier Bettel mat hire Standpunkte konfrontéiert a sinn domat op méi oder manner oppen Ouere gestouss.
Petitionäre fuerderen eng Aktioun vu Lëtzebuerg
Virun der Chamber hate um Mëttwochmoie pro-palästinensesch Manifestanten hirer Positioun nach emol Gehéier verschaaft.
Fir den Halid Karajbic géif en Unerkenne vu Palästina keng Symbolik duerstellen, mee eng Schutzmoossnam fir d’palästinensescht Vollek.
"Mat der Unerkennung vu Palästina géif Lëtzebuerg och e wesentleche Schrëtt maachen, fir Fridden a Stabilitéit am Noen Osten ze fërderen. Well wat ass d’Zukunft vun der Regioun, wann Israel ganz Palästina annektéiert?"
An den Ae vun der Dalia Khader ass Fridden e fundamentaalt Recht. Firwat si Palästinenser dovun ausgeschloss, huet si gefrot.
"Je demande au Luxembourg et à la communauté internationale de dire: assez."
Dem François Dubuisson no wier Palästina schonn als Staat unerkannt, zum Beispill duerch seng UNESCO-Memberschaft.
"Incontestablement, la Palestine est aujourd’hui considérée, en droit international, comme un État."
An d’Martine Kleinberg fënnt et net antisemittesch an net anti-israeelesch, fir Palästina unzeerkennen.
"En tant que citoyenne luxembourgeoise, je ne peux qu’inciter nos représentants et nos gouvernants à prendre conscience du moment historique."
Eng Léisung mat Impakt soll fonnt ginn
De Xavier Bettel huet doropshi betount, jidderee wier sech eens iwwer eng Unerkennung an eng Zwee-Staten-Léisung. Dat rezent Unerkenne vu Palästina duerch e puer europäesch Länner hätt awer näischt sur place geännert.
"Symbolik ass och wichteg, mee d’Conclusioun ass, datt elo Israel decidéiert huet, well Norwegen se unerkannt huet, ganz Steiergelder aus Palästina de Palästinenser net méi ze ginn."
Haut bréngt sou eng Unerkennung näischt, huet den Ausseminister widderholl. E weidere Saz war: "Mir wäerten et maachen, mee mat Impakt." Woubäi et fir d’Petitionären deen Impakt engersäits scho gëtt, mat 148 Länner, déi Palästina ewell unerkannt hätten, een anerersäits awer net nom Impakt kucken, mee moralesch déi richteg Saach maache sollt.
Um Enn gouf festgehalen, datt de Xavier Bettel mat senger Koordinatiounsaarbecht mat anere Länner virufiert. Hie wëll eng Dynamik schafen, déi en Impakt hätt.
Allerspéitstens um Enn vum Joer wéilt den Ausseminister dann an eng Commission jointe vun der Chamber kommen, fir eng “solution à la luxembourgeoise” ze fannen.