arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Perquisitiounen um franséische Siège vun X - Franséische Parquet verléisst Plattform

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Perquisitiounen um franséische Siège vun X - Franséische Parquet verléisst Plattform

Bei der Perquisitioun waren och Mataarbechter:inne vun Europol dobäi. Zënter gutt engem Joer enquêtéiert de Parquet zu Paräis géint d‘Plattform.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Am Kader vun der Enquête géint dat soziaalt Netzwierk goufen de Besëtzer an Tech-Milliardär Elon Musk an déi fréier X-Generaldirectrice Linda Yaccarino invitéiert, fir den 20. Abrëll an der franséischer Haaptstad gehéiert ze ginn. Dat huet de Parquet zu Paräis matgedeelt. 

Plattform an Aklang mam franséische Gesetz bréngen

De Parquet zu Paräis enquêtéiert zënter gutt engem Joer géint d’Plattform X. Dat wéinst dem Virworf, datt Algorithmen esou solle verännert gi sinn, fir fir méi Opmierksamkeet fir rietsextrem Inhalter bei X ze suergen.

Nei dobäi komm si Virwërf, wéinst Ofstreide vum Holocaust a wéinst sexualiséierten Duerstellunge vu Fraen a Kanner duerch de KI-Chatbot Grok. Esou genannten Deepfakes, also Biller, déi reell wierken, et awer net sinn.

D’Ermëttlungen a Frankräich hätten als Zil, de Betrib vun der Plattform X, deem fréieren Twitter, am Aklang mat de franséische Gesetzer ze garantéieren, heescht et vum Parquet zu Paräis.

Och Mataarbechter:inne vun X am Abrëll invitéiert

Bei der Invitatioun vum Elon Musk a vun der fréierer Generaldirectrice vun der Plattform X op Paräis, géif et dorëm goen, datt si eventuell geplangte Mesurë fir d’Anhale vun de Reegele solle kënne presentéieren. Fir tëschent dem 20. an dem 24. Abrëll sollen och Beschäftegter vun der Plattform op Paräis invitéiert ginn.

D’Plattform X hat de franséischen Autoritéiten de leschte Summer virgehäit, eng politesch motivéiert strofrechtlech Enquête ze maachen, an hat all Virwërf zeréckgewisen.

De Parquet zu Paräis huet haut och matgedeelt, d’Plattform X ze verloossen.

play_arrow Lauschteren