Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Arctic Monkeys - Do I Wanna Know?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounsreformpläng: D'DP wousst net all Detailer

Ried zur Lag vun der Natioun

Pensiounsreformpläng: D'DP wousst net all Detailer

D'DP, de Koalitiounspartner vun der CSV, schéngt net bis an de leschten Detail ageweit gewiescht ze sinn, wat de Premier gëschter um Dënschdeg zum Theema Pensiounen ugekënnegt huet. Deen Androck kritt een allzäit, wann een héiert, wéi d'Parteipresidentin an Deputéiert Carole Hartmann am 100,7 Interview op déi Annoncë vu gëschter reagéiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Et misst ee selwer nach eng Kéier am Detail analyséieren, wat dat, wat de Premier gëschter zum Theema Pensioun gesot huet, genau bedeit, seet d'Carole Hartmann am 100,7-Interview.

"Déi Propositioun, déi elo vum Premier gemaach ginn ass ... ech hunn et esou verstanen: D'Cotisatiounsjore lues a lues erop. (...) Mir wëllen d'Leit encouragéieren an der Aarbecht ze bleiwen, ouni un de gesetzleche Pensiounsalter ze goen, (dann) ass dat vum Prinzip hier awer mengen ech an eisen Aen eng Pist, déi duerchaus sënnvoll ass."

D'Carole Hartmann wousst also net am Virfeld Bescheed, wat de Luc Frieden an der Chamber géif annoncéieren. D'Iddi vum Eropfuere vun de Cotisatiounsjore wier hier nach net bekannt gewiescht, esou d'Carole Hartmann.

"Dat, wat mir bekannt war, dat ass, datt mir effektiv an d'Richtung ginn, datt mir d'Leit encouragéieren, e bësse méi laang am Beruff ze bleiwen, wat jo och dann een Deel ass vun der Retraite progressive, wat mengen ech eng richteg Mesure ass. An dass mir gesot hunn, datt mir de legale Pensiounsalter net wëllen eropsetzen."

D'Wichtegkeet vum Sozialdialog

Stéchwuert Sozialdialog: Do behält d'Carole Hartmann virun allem zeréck, datt de Premier op den Dialog mat de Gewerkschaften an de Sozialpartner insistéiert huet. Dat wier fir eng DP ganz wichteg. 

"An ech mengen, datt et wichteg war, fir einfach déi Prinzippien och nach eng Kéier ze soen, datt de Sozialdialog awer do och vu Wichtegkeet ass, och an där heite Koalitioun. Duerfir, dat begréisse mir vun eiser Säit op alle Fall mol, datt dat ganz kloer vum Premier och nach eng Kéier gesot ginn ass."

Lauschterenplay_arrow