Radioen

On air

Tockcity  |  Magic City Hippies - Enemies

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Peking: Hamas a Fatah ënnerschreiwen eng Eenheets-Erklärung

Noen Osten

Peking: Hamas a Fatah ënnerschreiwen eng Eenheets-Erklärung

D‘Hamas an Fatah hätten zu Peking eng Eenheets-Erklärung ënnerschriwwen. Dat melle chineesesch Staatsmedien. Béid Palästinenser-Organisatioune gëllen als batter Rivalen. Eng ganz Partie Deklaratioune fir sech ze verdroe sinn an der Vergaangenheet net ëmgesat ginn.

auto_stories

1 min

Am Ganzen hätte 14 palästinensesch Gruppéierungen no Gespréicher zu Peking d‘Deklaratioun ënnerschriwwen, heescht et. Zil wier eng gemeinsam Eenheetsregierung, esou palästinensesch Medien. Israel huet den Accord kritiséiert. De Palästinenserpresident Mahmud Abbas géif mam Accord Zitat „d‘Mäerder an d‘Vergewalteger vun der Hamas an den Aarm huelen an esou säi richtegt Gesiicht weisen“, esou den israeeleschen Ausseminister op X, fréier Twitter.