Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Waltz #2 (Xo)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Paule Kremer duerchschwëmmt a manner wéi 4 Stonnen d‘Gibraltarstrooss

Ocean's 7

Paule Kremer duerchschwëmmt a manner wéi 4 Stonnen d‘Gibraltarstrooss

Der Paule Kremer hire Plang ass opgaangen. Si ass duerch d‘Mierengt vu Gibraltar geschwommen. Déi lëtzebuerger Extremschwëmmerin huet de 14 Kilometer laange Passage tëschent der spuenescher a marokkanescher Küst gëschter an 3 Stonnen a 55 Minutte gepackt.

auto_stories

2 min

Foto: Paule Kremer / Facebook

Nom Äermelkanal an dem Catalina-Kanal, war d’Strooss vu Gibraltar déi drëtt vun am ganze siwe Mierengten, déi si am Kader vum sougenannten "Ocean's Seven"-Projet wëll schwammen

Sechs Joer stoung déi 36 Joer al Laangstreckeschwëmmerin op enger Waardelëscht fir duerch d’Strooss vu Gibraltar ze schwammen. Déi 14 Kilometer-laang Streck wier beléift bei de Schwëmmerinnen a Schwëmmer, well et déi kierzt vun den Ocean’s Seven ass, erkläert d’Paule Kremer.

"A si hate ganz vill Joren, wärend COVID, Problemer ze schwammen, well d‘spuenesch an d‘marokkanesch Autoritéite sech net eens gi sinn. Déi haten aner COVID-Regulatiounen."

De Projet stoung op der Kipp

De Mëttwoch war et dunn esouwäit. Wéinst dem villen Niwwel war awer bis kuerz virdrun nach net kloer, ob si kéint schwammen oder net.

"Et war esou vill Niwwel an dat haten se esou am August em déi Zäit nach ni. An du sinn ech heihinner geflunn an ech hu sou geduecht 'Oh dat do gëtt näischt.‘"

Schwamme géint de Kriibs

Duerch véier Mierengte muss d’Paule Kremer elo nach schwamme fir hiert Zil ze erreechen. Si wier domat déi éischt Lëtzebuergerin déi d’Ocean’s Seven géif meeschteren. D‘Opmierksamkeet, déi si doduerch kritt, notzt si reegelméisseg fir de gudden Zweck. Zum Beispill am Kampf géint de Kriibs. D’lescht Joer hätt si selwer zwee ganz wichteg Mënschen un de Kriibs verluer. Eng Krankheet déi nach ëmmer vill ze heefeg géif virkommen.

"An déi jidderee vun eis entweder direkt oder indirekt betrëfft, an dofir fannen ech dat ganz wichteg, dass do nach ëmmer méi Opmierksamkeet geschaf gëtt, méi Sue gesammelt gëtt, méi an der Recherche gehollef gëtt."

Déi nächst Etapp vun den Ocean’s Seven steet och scho fest. D’Nächst Joer am August wëll d’Paule Kremer duerch den Nordkanal tëschent Irland a Schottland schwammen.

Lauschterenplay_arrow