arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Patientevertriedung: AMMD strieft méi e liberale System un

Santé

|
headphones

2 min

Patientevertriedung: AMMD strieft méi e liberale System un

Virum Vott muer um Mëttwoch vun der AMMD iwwer d’Zukunft vun hirer Konventioun mat der CNS, warnt d’Patientevertriedung virun enger eventueller Opléisung vun dëser Konventioun. Ausserdeem wier d'AMMD un engem méi liberale System intresséiert, mengt de René Pizzaferri vun der Patientevertriedung.

headphones

2 min

D’Doktesch an Zänndokteschassociatioun hat jo ugekënnegt muer um Mëttwoch op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung doriwwer ofstëmmen ze loossen. Dat wéinst dem Echec vun der Mediatioun zu der Revalorisatioun vun den Dokteschtariffer.

De "conventionnement obligatoire"

Fir d’Patientevertriedung géif een am Fall vun enger Kënnegung vun der Konventioun Riskéieren, d'Prinzippien a Garantië fir d’Patienten an de Gesondheetssystem iwwer Bord ze geheien.

De René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung, mengt iwwerdeems, datt et der AMMD am Fong ëm eppes ganz aneres geet.

"An zwar war et ëmmer e Wonsch oder eng Zilsetzung vum Corps médical säit laanger Zäit, fir méi e liberale System ze kréien. Dat heescht, datt si un näischt solle gebonne sinn. An dat géif bedeiten, datt fir den Assuré, wann e bei en Dokter geet, kee Präis méi fixéiert ass. Dat ass an der Fachsprooch de "conventionnement obligatoire". Do ass de Versuch dacks do, datt dee soll ewechgeholl ginn."

play_arrow De René Pizzaferri

Iwwerdeems mengt de René Pizzaferri, datt d’AMMD bis elo vun der CNS ëmmer kritt hätt, wat se gefrot hätten. Fir d’Patientevertriedung ass déi éischt Prioritéit déi, datt d’Patiente weiderhi mat der beschtméiglecher Medezin versuergt ginn.