Am ganze wieren et bal 200 Kilo Sprengstoff gewiescht, heescht et am Communiqué.
De Commerce hätt net déi néideg Autorisatioun gehat an d‘Raimlechkeeten hätten net déi néideg Sécherheets-Moossname gehat, fir esou eng Quantitéit u Sprengstoff ze lageren, a se wiere matten an enger Wunnzon, esou nach de Parquet.
D‘Enquête leeft.
Viséiert sinn eng Personne physique an eng Personne morale. D‘Auteure riskéieren eng Prisongsstrof vu bis zu engem hallwe Joer an/oder eng Geldstrof vu bis zu 125.000 Euro.
Well d‘Faiten och ënner Blanchiment falen, kann d‘Strof awer op bis zu 5 Joer eropgoen, bezéiungsweis op bis zu eng an eng Véirels Millioun Euro.