arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Caritas: Parquet rechent net domat, datt vill Sue recuperéiert ginn

Finanzbedruch

|
headphones

1 min

Caritas: Parquet rechent net domat, datt vill Sue recuperéiert ginn

Ee Joer nodeems de Bedruch bei der Caritas ëffentlech gouf, zweiwelt de Parquet drun, datt déi kathoulesch ONG vill vun de geklauten 61 Milliounen zeréckkritt. Et hätte just kënne kleng Zomme blockéiert ginn, well d’Spuer vun de Sue sech vun Operatioun zu Operatioun verléiert.

headphones

1 min

Et wier “ganz schwéier” fir déi blockéiert Suen zeréckzekréien. Dat wier méiglecherweis réischt um Enn der vun der Enquête oder wärend engem eventuelle Geriichtsprozess méiglech. 

De Parquet verréit, datt eng 40 international Demandë fir eng Commission rogatoire gemaach goufe fir och an anere Länner an der Enquête virunzekommen. 27 Ordonnancë fir Perquisitioune wieren ausgestallt ginn. 

Bis ewell just kleng "Stréimänner" identifizéiert

Am Ganze sinn, dem Parquet no, mëttlerweil e puer Dausend Finanztransaktioune reperéiert ginn, fir d’Sue verschwannen ze dinn. Bis elo hätte just kleng Stréimänner kënnen identifizéiert ginn.

De System, dee fir d’Fraude genotzt gouf, géif un dee vu Kriminellen erënneren, déi Suen op eng professionell Manéier wäiss wäschen,heescht et an engem laange Communiqué vum Parquet fir de Joresdag, op deem d’Fraude vun 61 Milliounen Euro bei der kathoulescher Organisatioun duerch dëse Radio ëffentlech gemaach gouf. 

De Parquet erënnert drun, datt déi fréier Finanzdirekteschvun der Caritas e puer Deeg no der Plainte vun der Caritas inculpéiert gouf an direkt ënner Contrôle judiciare gestallt gouf. Si schéngt um Ursprong vun de frauduléise Finanztransaktiounen ze stiechen, heescht et am Communiqué.

Lauschtert hei déi ganz Geschicht hannert der Caritas-Affär.