Den einfachste Fall wier nämlech dee vum Ex-BMG-Member Marcel Weydert, dee sech op enger Foto zum Attentat an de Kasematten, am Juli 1985, wollt erkannt hunn, dunn awer e Réckzéier gemaach hat. Géint hie wier dofir keng Falschausso zeréckzebehalen.
"Haarsträubend Aussoe" vum Pierre Reuland
Ganz anescht léich de Fall beim Pierre Reuland: Deen hätt gemengt, datt hien - soubal eppes net op Pabeier stoung - aus allem eraus wier. Den Ex-Policechef géif mengen, kee kéint him den Aarm béien. Hien hätt am éischte Prozess "haarsträubend Aussoe” gemaach a keng Circonstance atténuante zegutt.
5 Joer Prisong sollten d’Resultat dovu sinn.
Méi bescheide wéi de Pierre Reuland
Och den Armand Schockweiler hätt auswäichend Äntwerte ginn, fir näischt soen ze mussen, an d’Justiz un der Nues ronderëmgefouert. Well hien awer méi bescheide wéi de Pierre Reuland war, kéint hie vu Circonstances atténuantes profitéieren, sollt awer 3 Joer an de Prisong.
Den aneren héije Gendarmerie-Responsabelen Aloyse Harpes wier en "incontournabelen Acteur an der Sich no den Täter". Hien hätt awer net wëlle soen, wat hien erausfonnt huet, bis hien 2017 op eemol de Ben Geiben, de Jos Steil, de Marc Scheer an de Jos Wilmes als Auteure vun den Attentater genannt hätt.
Géint hie sollten zwee Joer Prisong gesprach ginn.
Forcéiert ginn, ze léien?
De Guy Stebens dann hätt gelunn, mee wier forcéiert gewiescht ze léien, wat vläicht déi méi schlëmm Strof fir hie wier. Fir dësen Ex-héije Gendarmerie-Responsabele wieren 18 Méint Prisong fälleg.
Déi selwecht Strof sollt de fréieren Enquêteur Guillaume Büchler kréien.
D’Vertriederin vum Parquet huet nach betount, datt och an dësem zweete Prozess keen en Aveu gemaach a kee gesot hätt, hie wéisst, wat geschitt wier.
E moralesche Schuedensersatz gëtt verlaangt
Do virdrun haten de Me Hirsch an de Me Lehnen, d’Affekote vun den am éischte Prozess Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes, erkläert, si hätte sech fir hir Clientë méi erwaart vun deem zweete Prozess. Si wieren awer op ganzer Linn enttäuscht ginn.
Well hir Clienten zënter iwwer 11 Joer weider um Grill séizen, hunn d’Affekote gëschter um Mëttwoch all Kéiers eppes méi wéi 580.000 Euro moralesche Schuedenersatz verlaangt.
Zënter 18 Joer stéinge si um ëffentleche Pranger, wat een Dauer-Albdram wier. Wouropshin de Me Philippe Penning als Affekot vum Staat festgehalen huet, datt deen ewell 40 Joer drop waart, datt eppes erauskéim.
Zu de Plädoyere vun den Affekote vun de Beschëllegte kënnt et dann e Méinden.