De Mann war am Februar 2020 zu Stroossen festgeholl ginn, wou hie bei sengem Papp gelieft huet.
An den Ae vum Vertrieder vum Parquet wier de Mann ënner anerem Member vun engem terroristesche Grupp gewiescht, respektiv souguer Dirigent dovun.
Urteel a gutt véier Méint
Dogéint huet de Me Says, Affekot vum Ugekloten, gemengt, datt säi Client amgaange wier, säi Liewen an de Grëff ze kréien. Dowéinst sollten d’Riichtere wäit ënner der Fuerderung vun 12 Joer Prisong bleiwen.
D’Urteel an dëser Affär gëtt de 27. November gesprach.