arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Parquet: Saisië vun Drogen am Cargo Center 2025 signifikativ geklommen

National

|
headphones

1 min

Parquet: Saisië vun Drogen am Cargo Center 2025 signifikativ geklommen

Am Cargo Center um Findel goufen zejoert méi Droge beschlagnaamt wéi an de Jore virdrun, dat deelt de Parquet mat.

headphones

1 min

Drogenfund vom Zoll im Cargo Center | © Administration des douanes et accises
Drogenfund vom Zoll im Cargo Center (Foto: Administration des douanes et accises)

Eng éischte Kéier publizéiert de Parquet de Volume vun de saiséierten Drogen. Beschlagnaamt goufen deemno 2025 am Cargo Center ronn 873 Kilo Kokain, 74 Kilo Metamphetaminnen, ronn 2,3 Tonne Marihuana, 108 Kilo Haschisch a ronn 150 Kilo syntheetesch Drogen.

De Findel, eng Entrée fir Drogen an Europa ze bréngen

De Parquet präziséiert: D‘Drogen déi am Cargo Center saiséiert goufe wieren zum allergréissten Deel net fir de Lëtzebuerger, mee fir den Europäescher Maart destinéiert.

Wéinst geopoliteschen Ännerunge géif de Cargo Center um Findel vu Kriminellen ëmmer méi als méiglech Entrée fir Drogen no Europa ugesi ginn, esou nach de Parquet. Dofir géif um Findel och zanter enger Zäit verstäerkt no Droge kontrolléiert ginn, dat an enker Zesummenaarbecht mat Euro just an de Justiz-Autoritéiten aus anere Länner.