arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Parquet: "Eng riseg Sauerei" wat an der Bommeleeër-Affär geschitt ass

Jusitz

|
headphones

1 min

Parquet: "Eng riseg Sauerei" wat an der Bommeleeër-Affär geschitt ass

Um 12. Dag vum zweete Bommeleeër-Prozess huet d’Vertriederin vum Parquet an hire Reliquen op d’Plädoyere vun den Affekoten erkläert, et wier "eng riseg Sauerei", wat an dëser Affär geschitt wier. 

headphones

1 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Am 1. Prozess vun 2013 an 2014 wier der Justiz d’Wourecht virenthale ginn, a sou eppes dierft net méi geschéien.

Dogéint hunn d’Affekote vun den Ugeklote gemengt, datt keng Falschausso vun hire Cliente virléich an net geschafft gi wier, fir dem Parquet eppes ze verheemlechen.

Muer um Dënschdegmoien dierft dëse Prozess op en Enn kommen.