arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parlamentaresch Delegatioun ëm Claude Wiseler reest a Kanada

Aussepolitik

|
reading time

1 min

Parlamentaresch Delegatioun ëm Claude Wiseler reest a Kanada

De Chamberpresident Claude Wiseler reest haut mat enger parlamentarescher Delegatioun a Kanada fir eng offiziell Visitt bis e Freideg. Mat dobäi sinn ënner anerem de Chamber Vizepresident Mars Di Bartolomeo an de President vun der Kommissioun fir Aussepolitik Gusty Graas.

reading time

1 min

De kanadesche Fändel | © EPA/ROMAN PILIPEY
De kanadesche Fändel (Foto: EPA/ROMAN PILIPEY)

D'Delegatioun gëtt komplettéiert vun de Membere vum Chamberbüro Laurent Zeimet, Taina Bofferding, Diane Adehm a Fred Keup.

Um Programm stinn an der kanadescher Haaptstad Ottawa ënner anerem Entrevuë mat der Senatspresidentin Raymonde Gagné, wéi och mat Membere vum Comité fir aussepolitesch Affären.