Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Azymuth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paralympic Day 2024: Mir wëllen eng Plattform schafen

Sport

Paralympic Day 2024: Mir wëllen eng Plattform schafen

De paralympesche Kommitee zu Lëtzebuerg wëll méi Mënsche fir de paralympesche Sport begeeschteren. Aus deem Grond ass haut um Samschdeg de sougenannte Paralympic Day 2024, wou Intresséierter verschidde Sportaarte léiere kënnen. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Roland Miny play_arrow
Foto: Roland Miny

Haut um Samschdeg gëtt et um Kierchbierg am Rehazenter d’Méiglechkeet, een Abléck an déi paralympesch Sportswelt ze kréien.

Et soll eng Offer kreéiert ginn

Den Taux vu Mënsche mat Behënnerung, déi reegelméisseg Sport maachen, wier extrem niddereg, sou de Mathis Finke vum paralympesche Kommitee am 100,7-Interview. Dofir wéilt een op dësem Dag och d’Méiglechkeet bidden, mat Athletinnen an Athleten a Kontakt ze komme fir sech inspiréieren ze loossen. 

D’Aluedung, op de Kierchbierg ze kommen, géif sech souwuel u Mënsche mat, wéi och u Mënschen ouni Behënnerung riichten, erkläert de Mathis Finke.

"An da wëlle mir awer och eng Plattform schafen an deem Sënn, datt mir vill Veräiner, Verbänn an och Organisatioune sur place hunn, déi entweeder vläicht schonn eng Offer hunn, oder um Iwwerleeë sinn, fir eng Offer ze kreéieren."

Den Ënnerscheed zu de Special Olympics

Wichteg ass et an deem Kontext och, fir eng Kéier ze erklären, wisou déi paralympesch Beweegung net ze vergläichen ass mat Special Olympics.

"Prinzipiell ass et jo esou, datt d'paralympesch Beweegung am Fong de Pendant ass zu der Olympescher Beweegung just fir Mënsche mat kierperlechen, sensoreschen an och zum Deel mat geeschtleche Behënnerungen. Mee hei à la base steet natierlech de Leeschtungssport an d'Resultater am Fokus."

Beim gréissten Event an der paralympesch Beweegung, wat d'paralympesch Spiller sinn, déi am selwechte Rhythmus an op där selwechter Plaz wéi d'Olympesch Spiller stattfannen, geet et genau sou wéi bei den Olympesche Spiller dorëm, wien deen allerbeschten ass. 

D'Leeschtunge respektéieren

Gëtt et genuch Zesummenaarbecht tëscht deene Sportler mat Behënnerung, an deene Sportler ouni Behënnerung? Prinzipiell kéint ee soen, datt op jidde Fall d'Sportler sech gutt verstinn, seet de Mathis Finke. Eng gewësse form vu Respekt wier ëmmer do. Virun allem virun de Leeschtungen, déi erbruecht ginn.

"Dat ass jo och ëmmer dee Punkt, dee gäre mol vernoléissegt gëtt, bezéiungsweis, wou oftmools gesot gëtt: 'Oh, dat ass awer immens, wat déi Persoun dann no fäerdeg bréngt, trotz där Behënnerung.'" An de Fokus geet e bësse vun der Leeschtung selwer oder vum Sport fort."

Lauschterenplay_arrow