Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Paräisser Gare de l'Est: Messerattack op een Zaldot

Zwou Woche virun Olympia

Paräisser Gare de l'Est: Messerattack op een Zaldot

Manner wéi zwou Woche virum Ufank vun de Olympesche Spiller zu Paräis gouf gëschter op der Paräisser Gare de l‘Est en Zaldot vun der Anti-Terrorismus-Unitéit mat engem Messer ugegraff a blesséiert.

auto_stories

1 min

Police Frankräich  | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

De presuméierten Täter gouf festgeholl. Hie war den Autoritéite scho bekannt wéinst enger Mordaffär, mee gouf entlaascht, well hie psychesch krank ass.

Den Täter ass haut dofir och an der Psychiatrie placéiert ginn. De 40 Joer ale Fransous, deen an der Republik Kongo gebuer ass, hat erkläert, hien hätt den Zaldot ugegraff, well déi am Kongo géife Krich féieren.

De Mann war schonn emol wéinst Mord ugeklot. Och do war hien als net scholdfäeg deklaréiert ginn.  

Den Zaldot wier net a Liewensgefor, huet en Inneminister Gérald Darmanin op X preziséiert.