Dat wier keng Desolidariséierung mat Israel, besonnesch net no den Attentater vum 7. Oktober. Ma d‘Ausläsche vun engem Vollek kéint keen toleréieren, sou de Stroossener Buergermeeschter.
"Also eise Message als Stroossener ass éischtens emol deen, mir sinn eng Gemeng mat 62 % Auslänner a vun 117 verschiddenen Nationalitéiten an et ass eis ëmmer wichteg als Zeechen ze setzen, mir wëllen zu Stroossen all a Fridde liewen, ob dat en Israeli, ob dat e Palästinenser ass, ob dat e Russ, oder en Ukrainer ass. Mir hunn och ab, wärend der Ukrainzäit vill Zeeche gesat a mer setzen da weider. Et geet eis einfach ëmmer erëm drëm, fir ze weisen, hei zu Lëtzebuerg leewe mer a Fridden zesummen an och am Rescht vun der Welt wëlle mer de Fridden ënnerstëtzen."
Hen haett bis elo praktesch nëmmen positiv Reaktiounen vu Matbierger kritt, sou de Nico Pundel. Kritik wier bis elo just vum fréieren ADR-Députéierten a Grënnungsmember vun Liberté-Fräiheet Roy Reding komm.