Dës Zuelen huet d’Gesondheetskeess CNS dem radio 100,7 op Ufro matgedeelt.
Zänndokteren a Spezialiste kënnen zënter Ufank Mäerz un den informatesche System ugeschloss ginn, duerch deen d’CNS hiren Deel direkt un den Dokter iwwerweist an de Patient just nach säin Deel vun der Rechnung muss bezuelen.
Net vill Entreprisen, déi de System installéieren
D’Zuel vun de Generalisten, déi den Uschloss un de “Paiement immédiat direct” (PID) gemaach hunn, läit an der Tëschenzäit bei 42 vun am Ganze 580 Generalisten. Enn Februar louch dës Zuel bei 34.
Ee Problem bleift, datt net vill Entreprisen de Softwaresystem bei den Dokteren installéieren, huet den CNS-President Christian Oberlé a senger schrëftlecher Äntwert confirméiert.
„Deux éditeurs ont réalisé les installations actuelles, et cinq éditeurs, qui sont labellisés, peuvent installer le PID chez leurs clients.“
CHL soll un de PID ugeschloss ginn
Fir datt an enger Klinik direkt eng grouss Zuel vun Doktere vum neie System ka profitéieren, hofft den CNS-President weider op den Uschloss vum Centre Hospitalier (CHL) un de System vum PID.
Zum aktuelle Stand dovun huet de Christian Oberlé geschriwwen, datt den CHL déi néideg Schrëtt an d‘Weeër wäert leeden. Delaie wieren awer nach keng matgedeelt ginn. De Christian Oberlé weist och drop hin, datt nieft der informatescher Upassung och eng intern Reorganisatioun wäert néideg sinn.
De President vun der CNS hofft awer drop, datt den Uschloss vum CHL un de System een “Accelérateur” duerstellt. Méi generell stellt de hie fest, datt et schonn elo eng Acceleratioun vun den Demande vun Doktere géif ginn, fir un de “Paiement immédiat direct” ugeschloss ze ginn.