Doweinst wier et och schwéier geweischt, d’Clienten zäitno ze informéieren, erkläert de Claude Strasser. Ob ee Saachen a Punkto Kommunikatioun hätt kënne besser maachen, géif ee bei der Post mat e bësse Recul eng Kéier a Rou analyséieren.
D’Analyse firwat et warscheinlech zu engem Softwarefeeler komm ass wier nach net ofgeschloss, betount de Generaldirekter vun der POST Claude Strasser. Et kéint een och nach net soen, wéini d'Conclusioune virleien. Bei der POST géif awer op Héichtoure geschafft ginn. All d'Servicer wieren nees restauréiert an et wier een och zouversiichtlech, datt alles nees stabel ass, esou de Claude Strasser.
Keen Indice op mënschleche Feeler oder Cyberattack
E mënschleche Feeler grad wéi eng extern Manipulatioun, beispillsweis eng Cyberattack, géif een den Ament ausschléissen, well et keen Indice drop géif ginn, heescht et vum Generaldirekter vun der POST.
Wann d’Analyse bis ofgeschloss ass, géif een déi mat all den Detailer och un d’Regierung weider ginn. En Treffen tëschent der Post an der Regierung fir den Ausfall vun e Mëttwoch ze beschwätzen, ass allerdéngs nach net geplangt.