arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ PIB-Hausse suergt no 6 Joer nees fir Novum

Wirtschaft

|
headphones

1 min

PIB-Hausse suergt no 6 Joer nees fir Novum

Déi Lëtzebuerger Ekonomie huet am drëtten Trimester vun dësem Joer nees zougeluecht: De PIB klëmmt laut Statec ëm 1,1 Prozent par rapport zum Virtrimester an ëm 2,7 Prozent op d‘Joer gesinn. Domadder gouf et fir d‘éischte Kéier zënter 2019 nees véier Trimestere Wuesstem hannerteneen.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Virun allem de Finanzsecteur huet zum gudde Resultat bäigedroen.

Am Serviceberäich an am Bausecteur ass d‘Entwécklung allerdéngs negativ.