Radioen

On air

9 bis 1  |  FKA Twigs - Perfect Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Overshoot Day: EU huet all hir natierlech Ressource fir d'Joer verbraucht

330 Organisatiounen appelléieren un d'EU

Overshoot Day: EU huet all hir natierlech Ressource fir d'Joer verbraucht

D‘EU huet haut den Overshoot Day erreecht, also deen Dag wou déi natierlech Ressource vum ganze Joer verbraucht sinn. Lëtzebuerg hat deen Dag schonn den 20. Februar erreecht.

auto_stories

1 min

Overshoot Day | © Margot Richard / Unsplash
Foto: Margot Richard / Unsplash

Zesumme mat 330 Organisatiounen aus Europa lancéieren d‘Action Solidaritéi Tiers Monde, de Mouvement Ecologique an Natur an Ëmwelt dofir haut en Appell un d‘Politiker op EU-Niveau, fir déi néideg Reformen an d‘Weeër ze leeden, fir géint d‘Suitte vun der Pollutioun virzegoen an de Klima- a Biodiversitéitskrisen entgéint ze wierken.

Mam Green Deal vun 2019 wier e richtegen a wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach ginn, an de leschte Méint wiere vill vun deene Verspriechen awer nees ënnergruewe ginn, warnen d‘Organisatiounen an hirem Opruff. Besonnesch elo virun den Europawale misst d‘Geleeënheet genotzt ginn, fir Verantwortung ze iwwerhuelen an d‘Blat ze dréinen.