De Rendez-vous ass vu béide Säite confirméiert ginn. D‘Plaz, wou matenee geschwat gëtt, an d‘Auerzäit, sinn net bekannt.
Kiew vu groussem Stroumausfall betraff
An der ukrainescher Haaptstad gëtt et aktuell e gréissere Stroumausfall: 3.500 Haiser sinn ouni Heizung. An der Ukrain ginn et aktuell Temperaturen am zweestellege Minusberäich.
D‘Veräisung vun de Leitunge wier wuel d‘Explikatioun fir de Kollaps, sot den ukrainesche President Wolodymyr Selenksyj.