arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Oscaren 2026: "Sinners" geet als grousse Favorit an d'Course

renomméierte Filmpräis

|
headphones

1 min

Oscaren 2026: "Sinners" geet als grousse Favorit an d'Course

Zu Los Angeles goufen haut d‘Nominatioune fir déi 98. Oscar-Zeremonie bekannt ginn. Mat 16 Nominéierungen geet de Film "Sinners" als grousse Favorit an d'Course fir e puer vun de begéierten gëllene Figuren ze ergatteren.

headphones

1 min

Eng Statue vum Oscar-Filmpräis | © EPA/ALLISON DINNER
Eng Statue vum Oscar-Filmpräis (Foto: EPA/ALLISON DINNER)

"Sinners" ass e musikalesche Vampir-Südstaatendrama, eng Mëschung aus Comédie musicale, Horrorfilm an historeschem Film. Ënner anerem de Realisateur Ryan Coogler an den Haaptacteur Michael B. Jordan sinn nominéiert. 

De Film "One Battle after Another" geet mat 13 Nominéierungen an d‘Course, "Frankenstein", "Marty Supreme" a "Sentimental Value" all Kéier mat 9. 

D‘Oscare ginn de 15. Mäerz zu Hollywood iwwerreecht.