Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
search

/ Optakt vun de Verhandlungen iwwer ee Sozialplang bei SES

80 Aarbechtsplaze stinn um Spill

Optakt vun de Verhandlungen iwwer ee Sozialplang bei SES

Beim Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES fänken haut um Dënschdeg d'Verhandlunge fir e Sozialplang un. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB haten e Freideg matgedeelt, datt d'SES zu Lëtzebuerg 80 vu 680 Aarbechtsplazen ofbaue wëllt.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© SES play_arrow
Foto: SES

De Sozialplang muss bannen zwou Woche stoen. Fir den Ufank erwaart de Carlo Wagener vum LCGB sech Detailer zu de Pläng vun der SES.

"Dat wäert dann och ee Rahmen ginn, wéi den Zeitrahmen ausgesäit an natierlech och wéi d'Bedingungen dofir ausgesinn. Wat fir eng Begleetmoossnamen eventuell geholl ginn. Dat sinn eebe Verhandlungen, déi an den nächste 14 Deeg wäerten oflafen."

Lauschterenplay_arrow

D'Julie Roden vum OGBL sot, d'Gewerkschaften hätten net wëlles sech mat engem Sozialplang zefridden ze ginn. Si géife bis zum Schluss fir e Plan de maintien dans l'emploi kämpfen.