An dësem Prozess waren ursprünglech 8 Leit ugeklot. Ee fréieren héije Responsabelen aus der Gendarmerie, de Charel Bourg, ass awer Enn Juli verstuerwen.
Domat sinn et nach 7 Ugekloten. Déi aner fréier héich Gendarmerie-Responsabel Aloyse Harpes, Armand Schockweiler, Pierre Reuland a Guy Stebens, den Ex-Member vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie Marcel Weydert an déi fréier Enquêteurë Paul Haan a Guillaume Büchler.
Si hunn haut tëschent 65 a 97 Joer. Déi 7 Beschëllegt musse sech wéinst Falschaussoen am éischte Prozess vun 2013 an 2014 virun enger Chambre criminelle, der Néngter vum Geriicht an der Stad, veräntweren. Si ginn net wéinst de Bommenattentater selwer poursuivéiert.
Widderspréchlech Aussoen am éischte Prozess
Virum Hannergrond vum Kale Krich war et tëschent Mee 1984 a Mäerz 1986 zu 20 Attentater op sécherheetsrelevant Infrastrukturen an ëffentleche Gebaier am Land komm. Wie fir d'Attentater responsabel ass, ass bis haut net gekläert.
Vill Spueren haten awer a Richtung vun Insider gewisen. Deen éischte Bommeleeërprozess géint déi zwee fréier Membere vun der Brigade mobile, de Marc Scheer an de Jos Wilmes, hat am Februar 2013 ugefaangen. Am Juli 2014 gouf deen awer op Äis geluecht, well et am Verlaf dovun zu widderspréchlechen Aussoe vun Zeie koum, déi am zweete Prozess elo zum Deel Ugeklote sinn.
Éischte Prozess nach net ofgeschloss
Et ass nach net gewosst, ob a wéini deen éischte Prozess weidergeféiert gëtt. Dat hänkt eventuell vun dësem zweete Prozess of.
D'Ugekloten aus dem éischte Prozess, de Marc Scheer an de Jos Wilmes, wäerten am zweete Prozess wuel nach méi wéi am Éischte just eng Nieweroll spillen.
Si hunn dobäi nei Affekoten un hirer Säit. Amplaz vum am November zejoert verstuerwene Gaston Vogel verteidegt den Thierry Hirsch de Marc Scheer, an amplaz vun der Lydie Lorang verteidegt de Max Lehnen de Jos Wilmes.
Fir de Rescht kommen nei Affekoten an den zweete Bommeleeërprozess eran, déi am Éischten nëmmen eng Nieweroll gespillt haten.