arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Optakt vum Tour de Luxembourg am Cyclissem

Sport

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Optakt vum Tour de Luxembourg am Cyclissem

Haut um Mëttwoch ass den Optakt vun der 85. Editioun vum Tour de Luxembourg am Cyclissem. Bis e Sonndeg gi 5 Etappen iwwer zesummegerechent bal 700 Kilometer gefuer. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Skoda Tour de Luxembourg
(Foto: Skoda Tour de Luxembourg)

Lass geet et haut um Mëttwoch mat enger Etapp iwwer 153 Kilometer vun der Stad zeréck an d’Stad. Dat mat engem zolitten Ëmwee wäit erop an den Norden, wou och zu Pëtscht, Buerschent an Eschduerf dräi gëfteg Montéeë fir d’Coureuren ze bewältege sinn. 

Traditionell Schlussetapp markéiert de Schluss

Am Géigesaz zu der Etapp vun haut ass déi vu muer, Donneschdeg, vu Réimech op Mamer éischter flaach, an no 168 Kilometer wéi gemaach fir Sprinter.

E Freideg steet dann d’Kinneksetapp um Programm: Vu Mäertert geet et bis op Veianen, mat enger spektakulärer Arrivée am Haff vum Veianer Schlass.

Bei engem Tour dierf e Contre la montre natierlech och net feelen. Op deem éischter flaache Parcours iwwer 26 Kilometer mat Depart an Arrivée zu Nidderaanwen misst um Enn e Spezialist an deem Exercice sech duerchsetzen.

E Sonndeg steet dann nach déi traditionell Schlussetapp vu Miersch op de Lampertsbierg um Programm.

International Vedettë stinn um Depart

Als Favoritten di sech dëst Joer virun allem den Ir Ben Healy, dee beim Tour de France op sech opmierksam gemaach huet, an de Gewënner vum Tour de Luxembourg 2023 Marc Hirschi, ervir. Aner Prominent Nimm, déi dobäi sinn, sinn de Kolumbianer Richard Carapaz oder den Nils Politt aus Däitschland.

Den Tour de Luxembourg kann ee wéi gewinnt laanscht d’Stroosse suivéieren an natierlech och op der Televisioun. Och eng Rei un internationalen Tëleeschaînë wäerten den Tour de Luxembourg dëst Joer iwwerdroen.

play_arrow Lauschteren