Et ass och dem Trump säin éischte Besuch a Kanada zënter de Spannungen, déi tëschent den USA a Kanada ausgebrach si wéinst den Douanestaxen an dem Donald Trump sengen Aussoen, datt Kanada en Deel vun den USA misst ginn.
Dat huet a Kanada fir vill Kritik gesuergt an dem neie kanadesche Premier Marc Carney seng anti-Trump-Positioun hat him gehollef, d'Walen ze gewannen.
D'Haapttheemen um Sommet sinn de Krich tëschent Israel an dem Iran, d'Kricher an der Gazasträif an an der Ukrain, an déi amerikanesch Douanestaxen.