Radioen

On air

Moiesstudio  |  Sampha - Only

play_arrow Live
search

/ Optakt am Prozess ronderëm de Mord vum Samuel Paty

8 Persoune sinn ugeklot

Optakt am Prozess ronderëm de Mord vum Samuel Paty

Zu Paräis war et haut um Méindeg den Optakt vum Prozess géint 8 Persounen, déi an de Muerd um Proff Samuel Paty 2020 verwéckelt solle sinn. Zwou Persoune gi wéinst direkter Bäihëllef ugeklot. Si kéinte liewenslaange Prison kréien. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Samuel Boivin play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Samuel Boivin

Max Tholl (Paräis)

De 16 Oktober 2020 gouf de Geschichts- a Geografiesproff Samuel Paty viru senger Schoul vun engem deemools 18 Joer jonken islamisteschen Terrorist brutal ermuert. Den Täter gouf kuerz drop vun der Police erschoss.

Verbreedung vun der Ligen

Zu dëser grujeleger Dot koum et, well eng Schülerin vum Paty d’Ligen erzielt hat, de Proff hätt an der Klass Karikature vum Prophet Mohamed gewisen. De Papp vun der Schülerin an eng weider Persoun hunn doropshin dës Ligen iwwer d’sozial Netzwierker verbreet, bis schlussendlech e jonken Terrorist de Samuel Paty brutal ermort huet.

De Papp vun der Schülerin a säi Bekannte sinn 2 vun 8 Persounen, déi elo viru Geriicht stinn. Well d’Verbreedung vun der Ligen eng Well vun Haass a Morddrohunge géint de Proff ausgeléist hat, sinn de Papp vun der Schülerin a säi Kompliz wéinst Opruff zum Muerd ugeklot.

Fir de Parquet steet fest, datt béid Persounen déi kloer Intentioun haten, sech un e radikaliséierte Publique ze adresséieren an d’Konsequenzen dovu kannt hunn.

Parquet: Dschihadistesche Weltbild gouf bekräftegt

Zwee aner jonk Männer riskéieren iwwerdeems eng liewenslaang Prisongsstrof wéinst Bäihëllef bei engem terroristeschen Attentat. Si ware Kolleege vum Täter a sollen him aktiv gehollef hunn, seng Dot ze preparéieren, ënner anerem solle si d’Dotwaff mat him kaaft hunn. Béid Männer behaapten, näischt vun de Pläng gewosst ze hunn. De Parquet bezweifelt dat awer.

Véier weider Persoune sti viru Geriicht, well si online Kontakt mam Täter haten an hien a sengem dschihadistesche Weltbild bekräftegt hunn. 

De Prozess leeft iwwer 7 Wochen. Den 20. Dezember soll hei een Urteel geschwat ginn.

Lauschterenplay_arrow