De Bolsonaro hätt wëllen eng Diktatur a Brasilien op d'Bee setzen, esou ee vun de Riichter vum ieweschte Geriicht. Hie gouf vun den USA sanktionéiert.
Den US-President bezeechent de Prozess als "Hexejuegd" géint säin Alliéierten. Den Donald Trump huet zënter uganks dës Mounts dofir Stroftaxe vu 50 Prozent op een Deel vun de brasilianeschen Exporter a Richtung USA verhaangen.
De Jair Bolsonaro war bei der Audience haut net dobäi. Hie weist d'Virwërf vu sech. De 70 Järege riskéiert iwwer 40 Joer Prisong.
D'Urteel soll bis den 12. September geschwat ginn.