arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Optakt Prozess géint präsuméierten Attentäter

Slowakei

|
reading time

1 min

Optakt Prozess géint präsuméierten Attentäter

An der Slowakei fänkt haut de Prozess géint de presuméierten Attentäter vum Premier Robert Fico un. En haut 72 Joer ale Mann muss sech wéinst Terrorismus veräntwerten. Hie war direkt no der Dot festgeholl ginn.

reading time

1 min

Slowakesche Premier Robert Fico | © picture alliance / NurPhoto | Ton Molina
Slowakesche Premier Robert Fico (Foto: picture alliance / NurPhoto | Ton Molina)

Op Videoe war ze gesinn, wéi hien, no engem Regierungsrot an der Stad Handlova, e puer Mol op de Premierminister geschoss hat.

De Robert Fico hat iwwerlieft, war awer zwee Méint laang an der Klinik. 

De presuméierten Täter huet zouginn, op de Premier geschoss ze hunn, dementéiert awer, dass et en Terrorakt war an och, dass hien de Politiker wollt ëmbréngen. Hien hätt de lénkspopulistesche Fico just wëllen sou blesséieren, dass deen net méi kéint regéieren.

Als Begrënnung hat hien Haass op de Fico a seng Regierungspolitik genannt.