arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Opruff zum Bluttspenden ass e Succès

Croix Rouge

|
headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Opruff zum Bluttspenden ass e Succès

Virun enger Woch huet d'Rout Kräiz un d'Leit appelléiert Blutt spenden ze goen. Dat well d'Bluttreserven hei am Land ënner e gewëssen Niveau gefall sinn. Den Opruff schéngt elo seng Friichten ze droen.

headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow
© Bigstock / ginasanders
(Foto: Bigstock / ginasanders)

Virun der Allerhellegevakanz hat de Stock u Bluttreserven zu Lëtzebuerg e kriteschen Niveau erreecht. D’Rout Kräiz huet sech mat engem Appell un d’Bevëlkerung geriicht fir Blutt spenden ze goen.

Am 100,7-Interview erkläert d’Dr. Andrée Heinricy vum Blutttransfusiounszenter vun der Croix Rouge, datt de Stock vu Bluttreserven ëm dës Joreszäit ëmmer knapp gëtt. Dat léich dorun, datt vill Leit an der Allerhellegevakanz fort sinn, an d’Grippesaison ufänkt. A well vill Leit am Dezember ronderëm d’Feierdeeg net disponibel sinn, géing een elo schonn den Appell lancéieren.

Tëschent 100 an 120 Donen si pro Dag néideg

Den Appell war dann och e Succès, wéi d’Dr. Andrée Heinricy confirméiert. Am Duerchschnëtt bréicht een tëschent 100 an 120 Done pro Dag, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Mat Hëllef vum Opruff wier een och nees op dësen Niveau komm.

Am Communiqué vum 10. November war ze liesen, datt een deen Ament just nach genuch Blutt gehat hätt, fir d’Besoine vun de Spideeler eng Woch laang ze decken. Den idealen Niveau wier awer dat duebelt dovun, wéi déi Responsabel vun der Croix Rouge betount.

Dobäi kënnt, datt een d’Blutt net immens laang op Reserv hale kann. Rout Bluttkierpercher hale sech just 42 Deeg laang, d’Thrombozyten - also d’Bluttplacketten - esouguer just 7 Deeg laang.

Am Fall vun Enkpäss riicht d’Croix Rouge sech an der Reegel als éischt individuell un hir Spender:innen. Wann dat net duergeet, gräift een op méi allgemengen Opriff zeréck. Dat géing an der Reegel och ëmmer klappen, ënnersträicht d’Dr. Andrée Heinricy. Iwwerdeems ginn et Ofkomme mam Ausland am Fall, wou ee ganz speziell Bluttgruppe bréicht.

"Mee mir striewen awer d’Autosuffisance un."

Extra Dispense garantéieren net méi Spender:innen

Staatsbeamte kréie 4 Stonne fräi, wa si Bluttspende ginn. Och am Privatsecteur gesinn e puer Kollektivverträg eng Dispens vir. Et ass awer näischt, wat Allgemeng en place ass, an d’Regierung huet och net wëlles, dat ze änneren.

Par contre mengt d’Dr. Andrée Heinricy vun der Croix Rouge net, datt dat d’Zuel vu Bluttspender:innen onbedéngt erhéije géing. Vill Leit géingen an der Mëttesstonn oder op hire fräien Deeg bei si kommen. Wéi vill Staatsbeamten ënner de Spender:inne sinn, kéint een iwwerdeems net soen, well dës Donnéeën net erhuewe ginn.

play_arrow Lauschteren