An hirer Emissioun "Riicht eraus" hate sech béid Politikerinnen iwwert d'Heescheverbuet ënnerhalen, an do wiere si ze wäit gaangen, sou d‘ALIA.
D‘DP-Deputéiert a Stater Schäffe Beissel an déi fréier CSV-Deputéiert Lulling hätten do deelweis erniddregend, diskriminatoresch a mënschenonwierdeg Aussoe gemaach, sou d‘ALIA, déi sech an deem Dossier autosaiséiert hat an hir Conclusiounen online publizéiert huet, wéi d'Luxemburger Wort online als éischt gemellt hat. Domat solle si géint d‘Mediegesetz verstouss hunn. Ausserdeem wieren hir Aussoen en Opruff zu Haass an Diskriminéierung.
Konsequenze fir Apart TV, wou d‘Sendung iwwerdroe gouf, ginn et awer keng.