De Parquet huet eng Enquête ordonéiert. Am Communiqué erënnert de Parquet drun, datt d‘Diffusioun vu Gewaltbiller oder Gewaltvideoe verbuede sinn. Dorop sti bis zu 5 Joer Prisong a Geldstrofe vu bis zu 75.000 Euro.
arrow_back_ios
Noriichten
National
|Opruff fir Gewalt-Video mat Mineuren: Autoritéiten decken Instagram Profil op
De Parquet an d‘Police informéieren, datt si e Profil op Instagram opgedeckt hunn, op deem de User aner Persounen opgeruff huet him Videoen ze schécken, op deene Gewalt mat Mannerjäregen ze gesinn ass. Sief et Gewalt vun oder géint Mineuren oder och Kläppereien tëschent Jonken.