D’NATO wier mat Russland op d'mannst gläich op wat déi militäresch Stäerkt ugeet, esou de fréiere Colonel a Vertrieder vun der Lëtzebuerger Arméi bei der NATO, de Patrick Fautsch. Et dierft een awer net just op d'NATO kucken, mee och dorop, wéi Europa militäresch do steet.
NATO ass Russland iwwerleeën
De Friddensfuerscher Dr. Herbert Wulf, deen ënner anerem um renomméierten Institut fir Internationale Fridden zu Stockholm fuerscht, huet rezent eng Etüd verëffentlecht, déi d'Verdeedegungsfäegkeet vun der NATO am Kontext vum russeschen Aggressiounskrich op d'Ukrain ënnersicht. D'NATO wier net just bei de Militärdepensen, mee och bei der Zuel vun den Zaldoten, Panzeren an Haaptwaffesystemer Russland iwwerleeën.
Am Kontext vun de méi héije Militärausgaben, déi d'NATO-Länner ustriewen, gëtt hien ze bedenken, datt ee mat méi Geld net onbedéngt méi Sécherheet erreecht. Mat den aktuellen Zommen, déi diskutéiert ginn, wier net de Bedroungszenario gekläert.
"Mir musse emgedréint virgoen a kucken, wat d'Bedroung ass, wéi vill Zaldote brauche mir, wéi eng Waffensystemer brauche mir, wat huet sech duerch den Ukrainkrich verännert. Drone waren zum Beispill virun dräi Joer nach guer keen Theema."
De fréiere Colonel Patrick Fautsch fënnt och, datt et muss zu engem Ëmdenke kommen. Et misst een e kloert Zil definéieren, wou een hi wëllt. An hei dierf een net nëmmen iwwer Zuelen diskutéieren, mee iwwer Objektiver an dofir bräicht et e grondleeënde Kulturwandel an der Verteidegungspolitik, esou de Patrick Fautsch.
“Mir mussen elo e Schrëtt méi wäit denken, eis strateegesch Grondlage mol iwwerdenken an och eventuell un Gesetzesgrondlage wéi d'Arméisgesetz drogoen.”
Am Lëtzebuerger Arméis-Gesetz wier de kloren Optrag vun der Landes- a Bündnisverdeedegung festgehalen.
Reform vum Gesetz
Bei der Presentatioun vun der neier Resilienzstrategie virun enger gudder Woch wier awer och däitlech ginn, datt d'Lëtzebuerger Arméi an engem Krichsfall net déi néideg Ressourcen hu fir d'Lëtzebuerg eleng ze verdeedegen. D'Roll vun der Lëtzebuerger Arméi wier deemno och mat anere Partner am Ausland konkret Missioune vun der Arméi hei am Land wieren am aktuelle Gesetzestext net kloer festgehalen.
Lëtzebuerg misst den Ament awer sécher méi an d‘Militär investéieren, fir iwwerhaapt mol op den Niveau vun den aneren europäesche Länner ze kommen.