Et sinn dës Dossieren, déi vun de Gewerkschafte schaarf kritiséiert goufen. Beim Optakt vun der Chambersëtzung hunn d’Oppositiounsparteie gefuerdert, datt béid Projet de loi sollen am Januar eréischt op d’Dagesuerdnung kommen. De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, kritiséiert déi laang Chambersëtzungen.
“All déi Projeten, déi d'Land e ganzt Joer laang an Otem gehalen huet, sollen an engem eenzegen Dag ofgefäerdegt ginn. Dëst bedeit, datt am beschte Fall, d'Chamber e Mëttwoch an en Donneschdeg jeeweils 12 Stonnen ugesat ass. Ech erënneren an deem Kontext un dem Premier seng Aussoe beim État de la nation, datt hie kaum 9 Stonne konzentréiert nolauschtere kéint. Dëst ass e Pensum, Här Premierminister, deen eng seriö parlamentaresch Aarbecht u seng Limitte bréngt.”
D’Majoritéitsparteien CSV an DP hu géint eng Ofännerung vun de Marathonssëtzunge viru Chrëschtdag gestëmmt.